Trash the dress - oder: celebrate the dress!

Beim Trash-the-dress-Shooting hudd Dir d‘Geleeënheet, Ären „Dress“ eng zweete Kéier auszeféieren, Iech doran richteg auszetoben an dobäi portraitéieren ze loossen.
Ob Dir dobäi Ärem léifsten Hobby nogidd, zesummen an d‘Waasser sprangt oder eng Kësseschlacht maacht - d‘Méiglechkeeten sinn onbegrenzt. Dir selwer bestëmmt, wéi wäit Dir goe wëllt a wéi vill Dir Äre Kleeder zoumutt. Haapsaach, Dir hutt Spass beim Shooting a weist, wéi Dir Äre groussen Dag och am Alldag zelebréiere kënnt.

Rufft ons un fir Ären eegenen Trash-the-dress-Shooting ze plangen!