Hochzäitsfotoen: Dir sidd zu 2 an zu 2 sidd dir eppes ganz Besonnesches !

Mam Wëssen, dass Dir Iech geschwënn d‘Jowuert gitt, ass eng ganz besonnesch Zäit, di Dir elo verbréngt. Ären Dag soll wonnerschéin an onvergiesslech ginn.
Hochzäitsfotoen droen dozou bäi, dass Dir Iech ëmmer nees un di wichteg, di romantesch awer och un di lëschteg Momenter erënnert. Vun der Fotoreportage vum ganzen Dag bis zu de Portraits fänke mir di schéinsten Emotiounen an.

Hei e kuerzen Iwwerbléck iwwert onse Service:

  • D‘Fotoreportage ass agedeelt a verschidden Etappen, di Dir net zwéngend all beienee buche musst: „Pre-Wedding Shooting“ - Preparatiounen (Fotoe vum Kleed, de Réng, dat éischt Glas Schampes,...) - Zeremonie op der Gemeng an an der Kierch - Receptioun - Fest - Portraits - Trash the dress - Knipskescht.

  • Gäre begleede mir Iech de ganzen Dag, vu moies fréi bis owes spéit - sou kritt Dir eng duerchgehend Reportage vun Ärem groussen Dag.

  • No der Hochzäit këmmere mir eis ëm de Choix vun deene schéinste Biller, déi alleguer beaarbecht a verschéinert ginn. Wann Dir spéider zousätzlech bei enger Foto en Extra-Wonsch hutt, erfëlle mir Iech dee gären.

  • Dir hutt d‘Méiglechkeet, Är Fotoen an héijer Opléisung ze bestellen (digital Daten).

  • No der Hochzäit dauert et an der Regel ca. 3-4 Wochen, bis Dir Är Fotoen hutt.

  • An eiser Gamme vun Hochzäitsalbume fannt Dir bestëmmt Äert perséinlecht Schmockstéck, wat Dir iwwer Joren ewech gären ukuckt.

Ons ass et wichteg, di ganz eegenen Ambiance vun Ärem groussen Dag anzefänken an di wichteg Momenter mat Iech ofzestëmmen.
Kontaktéiert eis w.e.g. fir en onverbindlecht Virbereedungsgespréich fir Är Hochzäitsfotoen. D'Hochzäitssaison ass kuerz, dofir mellt Iech fréi genuch!