Thema vum Mount: Minishootings
Nieft eise grousse Shootings bidde mir Iech all Mount ze engem ausgewielten Thema e "Minishooting" un. De Minishooting dauert 1/4 Stonn a mir maachen 3 Motiver. De Minishooting kascht 95€.
-
Am Januar: Neit Joer, neit Gléck: Äert Profilbild fir den Internet
-
Am Februar: Love is in the air: Portraits zu 2
-
Am Mäerz: Hochzäitsréng: Dir mat Ärem wichtegsten Accessoire
-
Am Abrëll: Kënschtlerportraits
-
Am Mee: Portraits vun de Kanner fir Mammendag
-
Am Juni: Bewerbungsfotoen
-
Am Juli: It's a men's world: Portraits just fir Männer
-
Am August: Wuff, Puss a Co: Charakterportraits vun Ärem Hausdéier
-
Am September: Portraits vun de Kanner fir Pappendag
-
Am Oktober: Et rullt an et ass mäint: Autoen, Motorrieder,…
-
Am November: Meng Elteren: Portraits fir an hir Galerie
-
Am Dezember: Verschenkt e Cadosbong!
Interesséiert? Dann zéckt net, ons ze kontaktéieren!






