Thema vum Mount: Minishootings

Nieft eise grousse Shootings bidde mir Iech all Mount ze engem ausgewielten Thema e "Minishooting" un. De Minishooting dauert 1/4 Stonn a mir maachen 3 Motiver. De Minishooting kascht 95€.

  • Am Januar: Neit Joer, neit Gléck: Äert Profilbild fir den Internet

  • Am Februar: Love is in the air: Portraits zu 2

  • Am Mäerz: Hochzäitsréng: Dir mat Ärem wichtegsten Accessoire

  • Am Abrëll: Kënschtlerportraits

  • Am Mee: Portraits vun de Kanner fir Mammendag

  • Am Juni: Bewerbungsfotoen

  • Am Juli: It's a men's world: Portraits just fir Männer

  • Am August: Wuff, Puss a Co: Charakterportraits vun Ärem Hausdéier

  • Am September: Portraits vun de Kanner fir Pappendag

  • Am Oktober: Et rullt an et ass mäint: Autoen, Motorrieder,…

  • Am November: Meng Elteren: Portraits fir an hir Galerie

  • Am Dezember: Verschenkt e Cadosbong!

Interesséiert? Dann zéckt net, ons ze kontaktéieren!