Babybauch-Fotoen: Dir sidd (mindestens) zu zwee beim Fotograf!

D‘Virfreed, d‘Opregung an de Bauch, deen net ze iwwersinn ass: et ass eng besonnesch Zäit, un déi een sech gären erënnert. An déi schéi Fotoe verdéngt.

Tips zu de Babybauch-Portraits:

  • Ob eleng oder mat Ärem Partner - kommt entspaant a gudd gelaunt an de Studio. Och di zukünfteg Geschwëster si wëllkomm.

  • Wart net bis zum leschte Moment éier Dir kommt, ideal ass ëm di 35.Woch vun der Schwangerschaft. De Bauch ass dann scho grouss genuch an di lescht Wochen gin net manner ustrengend. Denkt drun, Äre RDV fréi genuch ze reservéieren!

  • Wann Dir Kleeder matbréngt, wielt där aus, di de Bauch betounen a gudd an Szene setzen. Wann Dir méi Haut weise wëllt, didd virdrun keng Kleeder un, di aschneiden. Et ass wichteg, dass Dir Iech wuel fillt.

  • Gäre kennt Dir Accessoiren matbréngen, z.B. den zukünftege Petzi.

Interesséiert? Dann zéckt net, ons ze kontaktéieren!