Wëllkomm am Fotostudio!

Dir erwaard e Puppelchen a wëllt Äre Babybauch veréiwegen? Oder de Butz ass schonn do, an esou léif dass dir all Moment festhale wëllt? Iech fehle Fotoe mat der ganzer Famill? Dir wënscht Iech romantesch Fotoen zu zwee? Da freeë mir eis, Iech an eisem Studio onvergiesslech Fotoen ze maachen, un deenen Dir laang Freed hutt.

An eisem Fotostudio, an enger entspaanter a familiärer Atmosphäre, dauert e Shooting ca. 1 Stonn. Bei all Shooting ass schon en Album dobäi. Niewt eiser Online-Gallerie, wou Dir Är Fotoe kucke kennt, hudd Dir och d’Méiglechkeet, di digital Daten ze bestellen. Doniewt hu mer eng Auswiel vun Rummen, an deenen Dir Är Lieblingsbiller veréiwege kënnt.


Fir de professionnellen Optrëtt mache mir Iech modern Bewerbungsbiller, Matarbechterportraits oder Fotoe fir i sozial Medien, op Wonsch och mam mobile Studio.

 

Tips zu de Portraits:

  • Kommt entspaant a gutt gelaunt an de Studio; de Shooting soll Iech Freed maachen!


  • Gäre kënnt Dir eengen Accessoiren a verschidde Garderobe matbréngen.


  • Wann Dir zu méi kommt, ass et am schéinsten, wann Dir openeen ofgestëmmte Kleedung dobai hudd.


  • Wann Dir et wënscht, kann och Ärt Hausdéier mat op d'Foto.


  • De Fotostudio funktionnéiert op just RDV.

Dir kënnt och all eis Shootings als Cadosbong verschenken!

Interesséiert? Dann zéckt net, ons ze kontaktéieren!